LEVEL UP - Update

26-09-2023
Bis den 9.Januar 2024 kanns du deng Klass fir d'Beweegungschallenge umellen, falls du dat nach net gemaach hues.
LEVEL UP - Update

Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechste Klass 2024“.

De SCRIPT luet  all 6 Wochen (no der Schoulvakanz mëttwochs) eng nei Beweegungs-Challenge (bestehend aus méi Aufgaben) op levelup.lu erop.
Umelle fir déi zweet vun dräi Challengë kanns du deng Klass bis den 9.Januar 2024.
Dës zweet Challenge kriss du mëttwochs, den 10. Januar 2024 an déi drëtt a lescht geet mëttwochs, den 21. Februar 2024 online.

Um Enn vun all Challenge luets du e Video vu maximal 1 Minutt a 5 Fotoen op e spezielle LevelUP-Beräich erop. Esou gesi mir, wéi eng Klassen uechtert d’Land matgemaach an sech no gewësse Critaire fir d’Final qualifizéiert hunn.

Wann s du an deng Klass et no deenen 3 Challengë bis an d’Finall gepackt hues, stellt dir iech op der YEP-Schoulfoire (22.04 – 24.04.2024) mat anere Klassen enger leschter Challenge. Hei huet deng Schoulklass d’Chance, ëm den Titel vun der „beweeglechster Klass 2024“ ze kämpfen, sech feieren ze loossen a flott Präisser ze gewannen.

Plus d'information

Actualités récentes

YES & BICYCOOL sinn ausgebucht

YES & BICYCOOL sinn ausgebucht
Souwuel 'Bicycool' wéi och 'YES' sinn ausgebucht an d’Aschreiwunge fir d'Schouljoer 2023-2024 sinn zou. Déi vill Schoulen, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn. D’Equipe vum 'Bicycool' esou wéi d’Coordinatrice vum Projet 'YES' bleiwen disponibel fir Iech op Froen ze äntweren. Heifir kënnt Dir eis gären eng Mail op bicycool@script.lu (fir de Projet 'Bicycool') oder yes@script.lu (fir de Projet 'YES') maachen.
Plus d'information

Die Schwimm-Box

Die Schwimm-Box
Schwimmen lernen oder lehren kann jedoch eine Herausforderung sein, deshalb wurde diese Box mit abwechslungsreichen und ansprechenden Übungen für das Erlernen des Brust- und Kraulschwimmens entwickelt. Die Aufschlüsselung des Bewegungsablaufes in Beinschlag, Armzug sowie die Koordination und Atmung ermöglichen ein strukturiertes Erlernen der Schwimmart.
Plus d'information

Aschreiwung Bicycool 2023/2024

Aschreiwung Bicycool 2023/2024
D’Schouljoer 2022/23 geet esou lues zu Enn a mir wënschen iech all eng erhuelsam Summervakanz. D’Bicycool-Remorque war praktesch ronderëm d’Auer uechter d’ganzt Land am Asaz a mir hoffen, datt vill Kanner d’Vakanz notze wärte fir dat, wat se beim Bicycool geléiert hunn, dobaussen um Vëlo unzewenden. Dat neit Schouljoer klappt awer och scho lues un d’Dier a vum 26. Juni un kënnen d’Schoule sech iwwert folgende Link (nach net do) op beweegung.lu fir 2023/24 aschreiwen. Detailer a Konditiounen zu dem Bicycool C1 an dem Bicycool C2-4 fannt Dir och op beweegung.lu a script.lu.
Plus d'information