LEVEL UP - Beweegungschallenge

LEVEL UP - Beweegungschallenge

Du wëlls Beweegung an däi schouleschen Alldag abauen, och iwwert de Sportunterrecht eraus? Du wëlls reegelméisseg nei Iddie fir Beweegungsaufgaben? An du mengs, datt deng Klass prett ass, fir un eiser Beweegungs-Challenge deelzehuelen a flott Präisser ze gewannen? Da bass du hei genee richteg. Gëff alles, zesumme mat denge Schoulkanner, a gewann den Titel „Déi beweeglechste Klass 2024“.

Vum 8.November 2023 u luet de SCRIPT all 6 Wochen (no der Schoulvakanz mëttwochs) eng nei Beweegungs-Challenge op beweegung.lu erop.
Umelle fir déi éischt vun dräi Challengë kanns du deng Klass bis de 25. Oktober 2023.
Déi zweet Challenge kriss du mëttwochs, den 10. Januar 2024 an déi drëtt a lescht geet mëttwochs, den 21. Februar 2024 online.
Wéi e Material s du fir déi jeeweileg Challenge brauchs a weider Informatiounen iwwert den Oflaf kriss du mat Zäit matgedeelt.

Um Enn vun all Challenge luets du e Video vu maximal 1 Minutt a 5 Fotoen op eng speziell SCRIPT-Plattform erop. Esou gesi mir, wéi eng Klassen uechtert d’Land matgemaach an sech fir d’Final qualifizéiert hunn.

Wann s du an deng Klass et no deenen 3 Challengë bis an d’Finall gepackt hues, stellt dir iech op der YEP-Schoulfoire (22.04 – 24.04.2024) mat anere Klassen enger leschter Challenge. Hei huet deng Schoulklass d’Chance, ëm den Titel vun der „beweeglechster Klass 2024“ ze kämpfen, sech feieren ze loossen a flott Präisser ze gewannen.

Weitere Informationen