LEVEL UP - Challenge 1 fäerdeg - Challenge 2 am 2.Trimester

12-12-2023
Bis de 16.12.23 haten d'Klassen Zäit fir hire Video + 5 Fotoën vun der Challenge 1 eropzelueden. Elo ass deen éischten Deel gepackt, an deen zweeten Deel steet ab dem 10.Januar 2024 um Programm.
LEVEL UP - Challenge 1 fäerdeg - Challenge 2 am 2.Trimester

Falls du déi éischt Challenge verpasst hues, dat ass net schlëmm. Mell dech lo schnell u fir déi zweet, hei de Link.

Fir weider Froen, zéck net a mell dech per Mail op info@beweegung.lu

Mir freeën eis op deng Klass.

Plus d'information

Actualités récentes

Adventskalenner 2023

Adventskalenner 2023
De beweegten Adventskalenner 2023 ass do, da kanns du am Dezember mat denger Klass oder dengem Grupp Dag fir Dag duerchmoven. Hei sinn eng Doze Beweegungspausen, déi s du ouni vill Opwand an däin Unterrecht abaue kanns. Lued de PDF erof, print de Kalenner op DinA3 raus, hänk en op a scan all Dag de QR-Code vun der entspriechender Kugel. Oder awer, du schaffs just mat der digitaler Versioun, well all Boule am PDF ass verlinkt. Du brauchs also just mam Cursor driwwer ze goën an drop ze klicken. Méi bequeem geet et kaum Vill Spaass a Freed an der Klass!
Plus d'information

YES & BICYCOOL sinn ausgebucht

YES & BICYCOOL sinn ausgebucht
Souwuel 'Bicycool' wéi och 'YES' sinn ausgebucht an d’Aschreiwunge fir d'Schouljoer 2023-2024 sinn zou. Déi vill Schoulen, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn. D’Equipe vum 'Bicycool' esou wéi d’Coordinatrice vum Projet 'YES' bleiwen disponibel fir Iech op Froen ze äntweren. Heifir kënnt Dir eis gären eng Mail op bicycool@script.lu (fir de Projet 'Bicycool') oder yes@script.lu (fir de Projet 'YES') maachen.
Plus d'information